#2 - "Trauer huet keen Zäitplang" // mam Isabelle Faber vun Omega 90
An dëser zweeter Episod vun YODO – You Only Die Once schwätzt Christine Nehrenhausen mam Isabelle Faber vun Omega 90 iwwer d’vill Gesiichter vun der Trauer.
Vun der Zäit ronderëm Allerhellege bis bei déi kleng Gesten am Alldag, déi engem Trauernden gutt dinn, geet et ëm d’Fro: Wéi trauere mir – a wien hëlleft eis dobäi?
D’Isabelle erkläert, firwat Trauer keng „Mussesaach“ ass, firwat „Lassloossen“ net dat richtegt Wuert ass, a wéi mir mat Kanner, eelere Leit oder och Demenzpatienten iwwer de Verloscht schwätze kënnen.
Eng éierlech, roueg a beräicherend Diskussioun iwwer Empathie, Liewen an d’Kraaft vun der Erënnerung.